D’Kris vun de Banken ass nach lang net eriwer, och wann et schengt ewei wann erem alles normal wir. Deutsche Bank huet erem Schlagzeile gemach matt groussen Beneficen, den Deal vun der Dexia ass an enger läschter Amtshandlung vun der hollännescher Kommissärin zu Breissel gudd gehéscht gin. Kann erem alles firu goen wei firdrun? Grad dat ass gefeierlech. All Kris ass och eng chance. Am Platz datt mer én dém aneren de Ball zouspillen wou da soll gespuert gin musse mer eis alleguer froen wat da besser ze machen ass! Wei anescht war et wei dei Kris vun der Stolindustrie virun 30 Joer eist Land gereselt huet? Do hu mer gewousst datt et eis un d’Liewegt geif goen, datt mer all zesumme misste stoen, an eng Solidariteitassteier accepteiert. Datt mer durno gudd gelieft hun op dem Erdrag vun anere Leit hire Suen, datt mer kamout an egoistesch gi sin vum Wuelstand a vum Reichtum ass haut eisen eischte Problem geint dé mer mussen ukämpfen. Och bei eis ass de Reichtum net emmer d’Resultat vun eierlecher gudder Arbecht! Spekulatioun hat heich Konjunktur, sief dat op Terrainsen, Immobilien oder op de Geldgeschäfter. All Nischen sin awer elo ausgereizt, mat bellegem Benzin, Zigaretten an Alkohol sin net mei vill Geschäfter ze machen. Et muss sech elo weisen wat an de Käpp stecht, a wei weit mer welles sin d’Aerm eropzestreppen. Wei ass et dann matt denen neie Chancen vun eiser Zeit? Wei ass et matt egovernment, miss e klengt Land wei eist net längst e Champion vun neien technologien sin, wou de Biergeer seng Formulären dei e brauch vum Computer erofluede keint am platz datt en sech déplaceire muss fir bei den administratiounen Schlang ze stoen! A wei ass et matt der Kart fir de Patient, dei all seng traitementer speichert fir datt dén én Dokter och wéss wat dén anere gemach huet an d’Analysen net duebel an dreifach gemach gin. Bei de Krankekésen kennt domat muenches gespuert gin. Net ze schwätzen vun der Schweierfällegkét dei nach emmer do ass wann et em autorisatioune gét fir en Neibau oder e Betrieb. Do wou freier eis Stärkt war leit haut eis greisste Schwächt. Mam Spueren get et des Keier net duer. An der globaliseierter Wirtschaft vun haut gewennt dé Bäschten, a virun der Konkurrenz kann och keng Tripartite eis schützen. Eis Chancen dei mer hun solle mer awer net mutwelles verspillen an net kleng rieden. Innovatioun a recherche get iwerall op der Welt gebraucht, a grad dofir ass et wichteg datt mer eng Schepp uléen fir datt zu Belval d’Uni an d’Recherche dei Raimlechkéte kreien dei se brauchen.