Eng letzebuerger Ambassade an der Türkei, an islamic banking, eng nei Formatioun op der Luxembourg School of finance, dat si wuel Neiegkéten die eis Aussenpolitik erweideren. Datt et de Finanzminister ass dén d’nouvelle vun enger ambassade zu Ankara ukennegt, schengt démno och net vun ongefeier ze sin: Türkei ass nun émol e groussen Handelspartner, en dichtegt a reicht Land, matt Entwecklungsmeiglechkéten an wann én dei speziell Régelen vun Geldgeschäfter no de Gesetzer vum Islam net beherrscht, da kann én och keng Affairen machen matt dém majoritär muslimeschen Land. Die zwou nouvellen hänken zwar net zesummen, sin awer allebeid an der Regierungserklärung firgesin. An dém Context stét och en accord culturel matt der Türkei dén am Gang ass ausgehandelt ze gin. Ob Türkei member vun der europäescher Unioun get oder net stét domatt net zur Debatt. Dé Beitrettsverhandlungen hun an Deitschland an a Frankreich baal e Kulturkrich ausgeleist. Ergebnisoffen sollen se sin, an d’Fro vun dem Referendum ass och alt emol ugeklongen. Vill Leit hei am Land sin och veronsechert well se Türkei als eng Bedrohung vum chreschtlechen Europa ugesin an dobei vergiessen datt zanter der Invasioun vun den Tirken an Europa am Mettelalter d’Welt sech verännert huet. Die kulturell Grenzen vun Orient an Okzident sin matt de Beitretter vun Griechenland, Rumänien Bulgarien an aneren schon durchbrach, d’kulturell a relieis diversiteit ass do, si soll eis keng Angscht machen. Mé dofir mussen mer vleicht e bessen mei informeieren wat dei Ennerschéder bedeiten, wei mir dermat emgoe sollen, a wat mer ennerhuelen kennen fir dém Enzelnen seng Angscht ze huelen. Türkei ass als Land vum Tourismus beleift, datt den Hellege Paulus do d’Basis vum Chreschtentum geluegt huet an datt gléweg Muslimen net ze verwiessele sin matt Terroristen an Extremisten, dat leiert én awer net an den Touristenheichbuergen, dofir breicht et schon en zoliden Exkurs an d’Geschicht , an iwerhapt emol de Wellen dat Land besser kennen ze leiren.
Nei diplomatesch Bezeiungen werten secher dozou beidroen, grad esou wei kulturellen Austausch. Die Suerg schengt awer manner am Virdergrond ze stoen wie dei vun de Geschäfter. Eis Finanzplatz bitt sech démno un, d’Résen vun den Economies an Finanzministeren op Dubai wou mer jo schon d’nächst Jor eng nei Ambassade kreien, an an d’Emirater wou nach Ouvertüren ze mache sin deiten dodrop hin.( A Lybien brauchen si net mei ze goen, well den Här Gadaffi ass jo schon hei präsent). Islamic banking ass dofir e must. Datt d’Relioun hei bemeit get fir e ganz speziellen Emgank matt Geldgeschäfter ze emschreiwen, dat sét schon eppes aus. D’Gesetz vun der Shariah, dat islamescht Grondgesetz get hei applizeiert, matt Prinzipien wie Zensfrei Prêtsen, Garantie vun den Dépotsen, an nieft aneren Régelen nemmen ethesch einwandfrei Geschäfter. Wann et em Geld geet schengt dat islamescht Gesetz vun der Sharia mol net ze steieren, au contraire. An domatt dirft vleicht e wichtege Schrett gemach sin fir Virurtéler ofzebauen vis à vis vun enger Relioun dei dach villen net esou positiv bekannt ass. Et ass awer net esou, datt et keng der Prinzipien geif gin an der chreschtlecher Doktrin, wou Egentum verpflicht vis à vis vun de Mattmenschen, a Geld a Reichtum net zum Egoismus verléde derfen, an datt Nächsteleift zum Délen oprift . D’idée vun der économie solidaire dei lanceiert gouf ass vleicht mei e konkrete Schrett an dei Richtung, nodem mer eigentlech vu Christian Banking ni eppes heieren hun, an d’Finanzkris eis geleiert huet datt dei 10 Geboter net sennerlech éscht geholl gouwen. Islamic Banking get et scho lang op der Finanzplaz zu London, eng nei Chance fir d’Letzebuerger Bankplatz démno. Vleicht erréchen die geschäftlech Relatiounen matt der Türkei esou guer dat wat d’Politik an Europa net ferdeg bruecht huet, Verstéstemech fir dem aneren seng Kultur, ouni dofir dei égen ze vernoleissegen.