E Mandat am Europaparlament gong mir duer fir hannert d’Kulissen ze gesin. Et ass schon eng schein Erfahrung wann én iwer all Divergenzen vun Nationaliteit a Parteipolitik eng Majorität an enger wichteger Sach am Europaparlament ka fannen, an dann matt der Kommissioun an dem Ministerrot eng Eenegung fennt op en Text. Gewess, dat dauert lang, mé dofir dreit d’Resultat villen Awänn Rechnung, de Kompromiss fannen ass net emmer einfach, emsou mei frou war ech wei mer op dem Dossier « Pestiziden » en Text ofgestemmt hun dén, sou hat ech geduecht, dei schiedlech Konsequenzen vun de Spretzmettel geif andämmen. Dat war e Réglement, direkt unzewenden, ouni nach vun de Memberlänner approuveiert ze gin, wat fir Directive zu démselwechte Sujet de Fall war. Niewendrunn kann é liesen wat alles an dém Text stung. Ech hat och eng Réunioun matt der Agrarkommissioun vun der letzebuerger Chamber, hu versicht sou vill wei meiglech ze sensibiliseieren. Haut, 7 Joer nodéms 27 Memberlänner sech éens waren, liesen ech datt elo sech Gedanke gemach get em deiselwecht Problemer.Grouss Gedaisch get gemach well e Supermarché elo e Produkt net mei verkéft dat schon 2008 op der schwarzer Lescht stung! Wat soll dat dann, wa mer a wichtegen Froen eng Eenegung fannen, a ké wennt se un? Dei Breisseler Kommissioun huet nach ir den Text a Kraft koum e Produkt em 10 Joer verlängert, huet de Lobbyisten vun der Industrie nogin. Och eis Regierung huet dei schiedlech Produkten net vum Mart geholl, an ech hu weineg Reklamatiounen gelies a geheiert vun den Emweltlobbyisten…dei hätte kennen kloen an d’Regierung firun d’europäesch Kommissioun ziteieren weinst Net Applikatioun vun engem Reglement. Huet et e Senn nach esou weider ze fueren? Wei welle mer d’Leit iwerzégen datt Europa gudd ass, wa mer eis net un d’Regelen halen, wa mer net applizeieren wat mer allzesummen guttgehéscht hun? Griechenland ass iwerall, traureg datt elo de Spatz a Gefor ass, well en keng Meck mei fennt.