E Referendum dén net mei ass wei eng Ménungsemfro: D’Regierung huet keng Mei gescheit opzeklären, matt Versammlungen Plakaten a Propaganda dei de Leit sét wat si da lo solle stemmen. Eigentlech ass dat jo Zéchen datt de Wieler wa meiglech iwerzégt soll gin, et get démno de Letzebuerger net zougetrau op Eier a Gewesse hir offe Ménung ze soen, mee gefart bei der Ménung keim net dat eraus wat é sech wenscht. Wuel war et neideg opzeklären, well d’Froen esou onkloer an zwédeiteg gestallt sin datt esou guer e Minister se och net richteg verstanen hat..
Bei 2 Froen gét et em d’Walrecht: si gin begrennt dermatt datt mei demokratesch Participatioun errécht soll gin well d’Awunner matt Letzebuerger Pass geschwenn eng Minoriteit gin. Dat wir neideg fir d’Legitimatioun vun Regierung a Parlament gouf argumenteiert. Nun sollen awer dei nei Wieler , enner 16 an dei net Letzebuerger Awunner, kén obligatorescht Wahlrecht kreien, dat héscht si kriten Rechter a keng Pflichten. Muenech Regierungen an anere Länner, dei kén Walzwang hun, sin démno och net légitimeiert, wann én d’Prozenter vun der Walbedélegung kuckt. Dei vill Wuertmeldungen hun bewisen datt mer eng lieweg Demokratie sin. Onwessenhét, Hass an Intoleranz, stoungen sech nieft echten Iwerzégungen a parteipolitesch gefirften Aussoen geintiwer. D’Regierung wert sech Gedanken mache mussen wei se dann de Kit dén d’Letzebuerger zesumme gehalen huet, an dén enger oppener Gesellschaft zu Grond loug, nés hierstellt. Dozou geheiert awer genug Wessen iwer d’Land, net nemmen iwer d’Spass a Fréd Gesellschaft, mé och iwer d’Kultur an d’Geschicht an d’Relioun, grad do wou de Spuersteft brutal ugesat gin ass oder et privat Sach soll gin. Dese Referendum ass eng Prouf, eng Virberédung op dén dén iwer d’Verfassung 2017 stattfanne soll. Et get sech elo gesuergt em den image dén mer dobaussen ofgin, de Schein. Virbild solle mer sin fir eng Welt dei vun de Letzebuerger net dei allerbeschte Ménung huet, wou et kaum nach Respekt get firun engem Vollek dat seng Freihét an Onofhängegkét daper verdédegt huet.
Den Dag nom Referendum musse mer mam Resultat éns gin an eis froen wé sin dann dei nei a modern Letzebuerger wou sin dei Wuerzelen dei se zesummenhalen? Wat si mer fir e Land gin, wei kenne mer eis nés Respekt verschafen no baussen an no bannen Soldarteit liewen.