Nach virun de Wahlen hat Deitschland seng Roll an Europa nei formuleiert, d’Richter vu Karlsruhe haten der deitscher Regierung d’Recht ofgeschwat europäesch Regelen mattzedécideiren ouni firdrun greng Licht vum Bundestag ze hun. Am Klortext héscht dat datt all deitsch Regierung, un den Zigelen vum Bundestag treppele muss. Europäesch Decisiounen werten démno nach mei Zeit brauchen. Zu wat dest op der Platz treppelen an Europa feiert, kann én illustreieren un engem Beispill iwer dat fir de Moment vill Tent fleisst, a vill Ierger ze heiren ass. Décisioun fir d’elektresch Biren dei mer an eise Luchten hun durch dei sougenannt Spuerbiren ze ersetzen huet eng lang Virgeschicht. Et soll jo dobei em Energiespueren goen, em Klimawandel an em eng gemeinsam Energiepolitik an Europa. An de grousse Froen wei dér vun der Atomenergie gi mer eis nach sou bal net éns. Kompetenzen durchzegreifen huet Europa bis elo nach keng, dei gemeinsam Energiepolitik ass am Lissabonvertrag defineiert, an dén ass jo nach net a Kraft. Enner deitscher Präsidentschaft hun d’Regierungscheffen den 9. März 2007 décideiert Ziel vun 20% manner Energieverbrauch, 20% aus erneierbaren Energiequellen, an 20% manner un CO2 Aussteiss zesummen unzepeilen,jidderén op seng Maneier. D’Kommissioun huet alt emol ugefang konkret Virschlei fir anzespueren ze machen an d’Recherche wei én matt manner Elektresch mei Licht kennt produzeiren huet nei Biren op de Mart bruecht. 15 Mio Tonnen Co2 kennten agespuert gin, an 11 Milliarden Euro u Stromkäschten, wann all Ste’t domat geifen lichten. Domat leisen mer ganz bestemmt net den europäeschen Energieproblem, et ass awer alt emol en Ufank, dén um klengsten Nenner wa mer schon zu groussen Decisiounen ké politeschen Konsens hun. An de Biren geet et zanter hir net gudd: dei aal hun op emol en groussen Beleifthétsgrad kritt, an dei nei gi verdeiwelt matt Argumenter dei net all stechhalteg sin. Virun de Strahlen get gewarnt, de Schlofsteirungen an dem Queckselwer. Mé Bir ass net gleich Bir, si werten secher nach verbessert a mei belleg gin. An der Zweschenzeit hun sech och Gesondhetsministären matt dem Problem befasst. D’Schweizer Bundesamt fir Gesondheet, dat jo bestemmt onbefangen an der Debatt ass, zertifieiert datt dat Strahlen nemmen 30 cm bei der Bir an och do ennert dem zougelossene Grenzwärt sin. De Queckselwer ass fir an d’Superdreckskescht, e spillt nemmen eng Roll wann d’Biren net fachgerecht entsuergt get, a wat den Biorythmus ugeet, do soll warmweiss Licht fir d’Schlofkummer besser sin wei dat blot, dat wakreg mecht an souguer geint Wanterdepressioun gudd ass.Matt denen neie Biren werte mer eis offanne mussen. Op mer matt denen neie Regelen deiseit der Musel an den europäeschen Energiefroen besser weider kommen, dat stét op engem anere Blat.